Läscht Detailer – Sonndes

Lëtzebuerg sprint

Duebel Sprint (Zäitadditioun) / Ranking Event fir d’Deutsche Park Tour

Programm

  • 08.30 Event Center geet op, an der Coque, Sport an Kultur Center, Lëtzebuerg Kierchbierg
  • 08.50 SIAC Chips kënnen ofgeholl ginn (all virugemellte Participanten – w.e.g. fréizäiteg do sinn)

  • 09.00 Umellung um Dag selwer geet op


  • 09.45 éischten Start fir d’Sprint Course 1, um Kierchbierg Parc Central

  • 10.45 Umeldung um Dag selwer geet zou (fir déi zwou Coursen)

  • 11.15 Läschte Start fir d’Sprint Course 1

  • 12.00 Strécken ginn zou, Sprint Course 1


  • 12.00 éischten Start fir d’Sprint Course 2, um Kierchbierg Parc Arboretum

  • 13.30 Läschte Start fir d’Sprint Course 2

  • 14.15 Strécken ginn zou, Sprint Course 2


  • 15.00 Event Center geet zou

Eis Sponsoren

Mer sinn frou iwwer d’Ënnerstëtzung vun

Mer stëmmen deem groussen Ënnerstëtzung fir den Luxembourg OC duerch SPORTident Benelux (http://www.sportident.be/) zou, déi eis d’SIAC (SPORTident ActiveCard) Chipen an Kontrollstatiounen gratis ausléinen.

Fënnef glécklech Participanten vun der Deutsche Park Tour Course hunn d’Chance een Präis an Form vun enger Ausbezuelung vun hirem Startgeld vun der Course um Sonndeg. Kontrolléiert op ären SIAC Chip eng vun den glécks Nummeren hutt, wann der en bei der Registréierung kritt.

Event Format

D’Event ass een “duebel” Sprint. Et ginn zwou Sprint Coursen, Course 1 an Course 2, mat enger Erhuelungszäit zwëschent deenen zwou Coursen vun ongeféier zwou Stonnen. An all den Kategorien, ginn an deenen zwou Coursen Gewënnerzäiten vun 15-20Minutten erwaart – Streckelängten sinn an der Tabell bëssen méi déif uginn.

Resultater ginn vir béid Coursen ugewisen. Déi final Plazéierungen baséieren op der Gesamtzäit vun deenen zwou Coursen.

Event Organisator

  • Planer – Balàzs Duhi, Luxembourg OC
  • Techneschen Beroder – Ondřej Kotecký, Luxembourg OC
  • Kontrolleur– Jonas Wolff, Luxembourg OC
  • Organisator – David Roach, Luxembourg OC – bei Froen w.e.g. weekend2018@orienteering.lu kontaktéieren.

Kaart

1:4000 Moossstaf, 5m Intervall Héischtelinnen. Mat IOF Standard ISSOM 2007.

Kaartenopnaam an Kartéierung vum Julien Gaffuri, Luxembourg OC, Oktober 2018.

Kaart (all an A4 Gréisst) ginn mat engem Laserdrucker op waasserresistentem Pretex Pabeier gedréckt. Folien ginn et keng.

Fir all Strecken, ginn d’Kontrollcoden an d’Kontrollbeschreiwungen (International Orienteering Federation Standard Symboler) op déi viischt Säit vun der Kaart gedréckt. (Lassen Kontrollbeschréiwungen ginn et bei Viirstart).

Elektrischen Stempel-/Zäitsystem

De SPORTident System gëtt genotzt.

All Participanten mussen een SIAC, een beréirungsfraiën “Stempel”/Zäit Chip benotzen. Des ginn vum Organisateur den Dag selwer ausgeléint. Et kann een net saïn eegenen SI Chip benotzen, och keen SIAC.

WICHTEG – all ausgeléinten SIAC Chipen mussen bis 14:30 den Dag vum Event selwer un den Organisateur zeréck goen. All SIACen ginn vum Organisateur direkt nom ausliesen no der zweeter Course agesammelt. Déi Participanten déi den SIAC net bis 14:30 zeréck ginn hunn, kréien 70Euro berechent.

Urees zum Event Center

Mam Auto ass de bäschte Wee iwwer d’Ausfahrt 8 vun der Autobunn A1, dann de Schëlter Richtung Luxembourg-Centre an dem Quartier Européen Nord nofueren vir op den (fräien) Parking “Adenauer”. (Wann een aus dem Süden kennt, op der Autobunnsausfahrt déi Spuer ganz riets huelen).

Béit no 2,5km vun der Autobunn aus, oder 1,5km vun dem Rond-Point Serra oder senger Unterführung no riets an rue Richard Coudenhove-Kalergi of. Fuert 400m op dëser Strooss weider an dann riicht iwwert d’Kräizung mat den rouden Luten vum Boulevard Konrad Adenauer(49.62960, 6.15751), vir op de Parking ze kommen.

Et gëtt keng Event-spezifesch Ausschëlderung, ausser een OL-Posten un der Entrée vum Parking. Et gëtt keng Iwwerwaachung vum Parking.

Am offiziellen Coque Parking parken gëtt net recommandéiert, well do gréisser Zommen pro Stonn berechent ginn, och Sonndes.

Eemol geparkt, gidd w.e.g. zu fouss zeréck bis bei d’Entrée vum Parking. Gidd vun do aus deem rout-wäissen Ofspeerband no, iwwert den Boulevard Konrad Adenauer no riets ofbéien an dann laanscht d’Europaschoul 600m weider, ir een no lenks an d’rue Léon Hengen ofbéit. D’Gesamtdistanz vum Parking bis bei den Event Center sinn 1000m.

Mam ëffentlechen Transport, gëtt et eng gutt Busverbindung. Vun der Gare an der Stad, fueren Sonndes Moies vu 7:00Auer un - Buslinnen 1 (Quai 12 um xx:55), 16 (Quai 12 um xx:20 an 50) an 18 (Quai 1 um xx.10 an 40) - duerch den Zentrum direkt bis op 500m bei den Event Center (Busticket 2Euro vir eng Richtung / Daagesticket 4€). Klammt bei der Haltestell “Antoine de St Exupéry” um Boulevard Konrad Adenauer raus an trëppelt rëm zeréck aus der Richtung wou den Bus hierkoum. Do trefft der dann op deen markéierten Wee vum Parking bei d’Coque.

Vum Flughafen aus, fiirt den Bus 16 (um xx.19 an 49 Sonndes Moies an xx,09, 29 an 49 Samsdes Owes) laanscht d’Haltestell “Antoine de St Exupéry” um Boulevard Konrad Adenauer. Klammt do raus vir bei den Event Center (wei uewen beschriwwe) oder fuert Richtung Zentrum Busticket 2Euro an eng Richtung / Daagesticket 4€).

Event Center

Den Event Center befënnt sech op der Adress Arcades Entrée 1 am Coque Sport an Kultur Center, 2 rue Léon Hengen, L-1745 Luxembourg.

Den Event Center offréiert iech folgend Ariichtungen – Ënnerstand, Registratioun (béides Daagesumellungen an Viirumellungen), Aféierung vir Ufänger, SIAC Ausliesestatioun an Ansammlungstell vun den SIACen, souwéi een Bildschirm mat de Resultater. Et ginn och Toiletten. Den Event Center hott keng Duschen, Vestiairen oder eng Crèche.

Et sollt méiglech sinn d’Liveresultater um Smartphone mat Wifi ze kucken. D’Resultater ginn op https://webres.helga-o.com eropgelueden. Informatiounen iwwert den Accès op den Wifi an QR Coden mat direktem Link op d’Websäit leien am Event Center aus.

Respektéiert w.e.g. déi gelounten Raimlechkeeten – ditt äer dréckeg Schung aus irr Dier ra gidd. Net Fëmmen. Hënn sinn net erlaabt am Event Center. Hannerloosst keen Dreck.

Déi spektakulär Coque offréiert eng olympesch Schwëmm an e Wellness Center (béid oppe vun 10:00 bis 18:00). Fir méi Informatiounen http://www.coque.lu/en/presentation . Accès zur Coque nëmmen 100m vum Event Center fort.

Startzäiten an Startlëschten

D’Startzäiten ginn vir all viirungemellten Participant deen bei der Deutschen Park Tour Kategorien matmëscht – i.e. D oder H13/14 an all mei aal Kategorien. D’Startlëschten vir all Virunmellungen an Umellungen vum Dag selwer (wei ënnen beschriwwe) kréien hir Startzäit beim Umellungsbüro am Event Center.

All separat Startlëscht gëtt vir d’Course 1 an 2 preparéiert, woubäi all d’Startzäiten vun der Course 2 genau 2Stonnen an 5Minutten méi spéit sinn wei déi vun der Course 1. D’Startlëschten ginn op der Websäit (link) oder virum Donneschdeg 18. Oktober gepoust.

Kontaktéiert w.e.g. den Organisateur via weekend2018@orienteering.lu , wann déi aktuell Startzäiten een speziellen Problem schafen.

Fir all déi net-Deutsche Park Tour Kategorien, ginn keng Startzäiten virun dem Event erausginn. Virugemellten Participanten vun dësen Kategorien hunn an der Startlëscht eng Startzäit vun 00:00.

Participanten vun dësen Kategorien kréien eng Startzäit beim Start. Dëst soll Elteren mat Kanner hëllefen déi an D/H11-12 an D/H10 -Kategorien starten. Nëmmen Erwuessener déi net hir Course nach dono hunn kennen d’Kanner begleeden.

Umellung den Dag selwer

Virumellungen ginn Samsdes den 13.Oktober um 23:59 zou an jiddereen deen sech net virun der Deadline umellt, muss sech den Dag selwer umellen.

Umellung den Dag selwer virun 10:45 ass vir all Kategorien an Strecken méiglech, déi an der Lëscht ënnendrënner stinn an ass nëmmen vir déi zwou Coursen zesummen méiglech. Déi läscht Startzäit vir d’Course 1 ass um 11:15. D’Umellungen den Dag selwer sinn duerch d’Unzuel vun den gedréckten Kaarten begrenzt, den Organisateur mécht awer säi Bäscht datt jiddereen deelhuelen kann.

Deutsche Park Tour classes

Kategorie Gebuertsjoer Gewënnerzäit pro Course Startgeld bei Umellung den Dag selwer
H19-34 (Elite) 1984 - 1999 15 - 20 mins 15
D19-34 (Elite) 1984 - 1999 15 - 20 mins 15
H35-44 1974 - 1983 15 - 20 mins 15
D35-44 1974 - 1983 15 - 20 mins 15
H45-54 1964 - 1973 15 - 20 mins 15
D45-54 1964 - 1973 15 - 20 mins 15
H55-64 1954 - 1963 15 - 20 mins 15
D55-64 1954 - 1963 15 - 20 mins 15
H65 + 1953 or earlier 15 - 20 mins 15
D65 + 1953 or earlier 15 - 20 mins 15
H15-18 2000 - 2003 15 - 20 mins 5
D15-18 2000 - 2003 15 - 20 mins 5
H13-14 2004 - 2005 15 - 20 mins 5
D13-14 2004 - 2005 15 - 20 mins 5

Other classes

Kategorie Gebuertsjoer Gewënnerzäit pro Course Startgeld bei Umellung den Dag selwer
H11-12 2006 - 2007 15 - 20 mins 5
D11-12 2006 - 2007 15 - 20 mins 5
H-10 2008 or later 15 - 20 mins 5
D-10 2008 or later 15 - 20 mins 5
Open Long any age 15 - 20 mins 5
Open Short any age 15 - 20 mins 5

Wann een sech den Dag selwer umellen wëllt, verpasst net Deadline, sidd net méi spéit wei 9:30 do

Registratioun fir all Participanten am Event Center

Virugemellten Participanten

All Participant deen sech virugemellt hutt, muss sech trotzdem nach am Event Center registréieren, fir säin SIAC Chip auszeléinen. All Participant muss sech individuell registréieren an jiddereen sollt zu deem Dësch goen wou den Ufanksbuschtaw vun sengem Familljennumm steet. Et ass net erlaabt, datt een Veräinsmember d’SIACen fir all déi aner Memberen aus sengem Veräin sichen geet. Eng Famill kann all d’SIACen fir d’Memberen vun dëser Famill mateneen sichen goen.

D’Participanten ginn gefrot op si nach oppen Startgelder bezuelen kennen, nëmmen Borgeld – et gëtt keng Méiglechkeet mat Kaart ze bezuelen.

Umellung den Dag selwer an Ufänger

Fëllt w.e.g. een kuerzen Umellungsformular aus, mam Numm, Kontaktdetailer an der gewënschten Kategorie/Streck, ir der bei Büro vir d’Umellungen um Dag selwer kommt.

Gidd do ären ausgefëllten Formular of an bezuelt äert Startgeld. Bezuelung geet just mat Borgeld – et kann net mat Kaart bezuelt ginn. Dier kritt een Ziedel wou äer Streck an Kategorie dropsteet.

Gidd dann weider fir ären SIAC Chip auszeléinen, déi alleguerten d’Participanten notzen.

Den Ziedel soll gehal ginn an beim Stat als Umellungsbestätigung gewise ginn.

Ufänger

Een oder zwee erfueren Veräinsmemberen managen een Ufänger-Help-Desk an hëllefen den Leit fir sech ze entscheeden fir wéi eng Streck si sech umellen. Frot w.e.g. bei Froen no! Leider hu mer net genuch Kompassen fir auszeléinen (am Sprint ass een Kompass awer och net essentiell).

Lassen Postenbeschreiwungen gëtt et nëmmen beim Start, net am Event Center. Déi eenzeg Exceptioun sinn déi oppen an D/H 11-12 oder méi jonk Kategorien. Participanten aus dësen Kategorien kennen sech eng lassen Postenbeschreiwung beim Ufänger-Help-Desk am Event Center oder beim Start mathuelen. Dëst ass eng “Iwwersetzung” (vun deenen üblechen IOF-Symboler) an eng “geschriwwen” Form (erhältlech op Englesch, Franséisch oder Däitsch).

Starts

Den Start fir d’Course 1 ass 150m vum Event Center ewech. Gidd hannen bei den Toiletten zu Dier eraus, vum do aus wäert den Start siichtbar sinn – sidd iech bewosst datt des Dier den Dag vun der Course nëmmen als Ausgang déngt aus Sécherheetsgrënn.

Den Start vun der Course zwee ass 600m vum Event Center ewech. Et sollt een 15min virun senger Startzäit fort goen. Aus der Haaptentésdier eraus, no riets an dann dem rout/wäissem Ofspeerbänndchen nogoen.

D’Sartprozedur ass fir déi zwou Coursen déi selwecht. Am Startberäich, läscht w.e.g. ären SIAC Chip mat der Läschen-Statioun.

All déi Participanten mat enger Startzäit, hun een Virstart vun 3Minutten. Ären Numm an äer Startzäit gëtt opgeruff. Gidd dann an den Startberäich eran an kontrolléiert op ären SIAC Chip geläscht ass. Eng Auer wäert Zäit beim Opruffen uweisen ( des geet 3Minutten vir).

Vir d’Participanten ouni Startzäit oder Leit déi hir Startzäit verpasst hunn, mellt iech beim Startoffiziellen, hien seet iech dann wéini der starten kennt.

Participanten déi sech net virugemellt hunn stinn net op der Startlëscht an mussen hiren Ziedel vun der Umellung den Dag selwer beim Star ofginn.

2Minutten virum Start, geet een weider an deen nächsten Beräich. Huelt iech do eng lassen Postenbeschreiwung (IOF-Symboler) vir är Streck. Wéi uewen schon beschriwwen, ass och op all Kaart d’Postenbeschreiwung (IOF-Symboler) drop. Dier kennt hei och ausprobéieren, op ären SIAC kontaktlos funktionéiert.

1Minutt virum Start, gidd der an den läschten Startberäich geruff. Wann et unfänkt mat Beepen, dann huelt eng Kaart mat ärer Streck. Kontrolléiert op der déi richteg Kaart hutt. Fir all Deutsche Park Tour Kategorien gëtt d’Zäit automatesch ab dem Startsignal gezielt.

Vill Gléck an genéisst ären Laaf!

Op der Streck

All Kontrollpunkt hott een Posteschierm (dräieckegen orange-waisse Fändel) deen un enger metallener Staang befestegt ass. Dodrunner ass och d’Kontrollstatioun déi mat engem Sensor Zäit misst drun. Bei all Kontrollpunkt, gidd sécher datt der no genuch um Sensor drun laanscht laaft (op mannst een halwen Meter). Ären SIAC Chip blénkt an beept fir 5Sekonnen wann en Kontakt mam Sensor hat. Dier musst ären Chip net an Kontrollstatioun stiechen oder beréieren.

Verglaicht d’Nummer op der Kontrollstatioun mat der Kontrollnummer op der Postenbeschreiwung. Op verschiddenen Platzen stinn d’Posten relativ no beieneen.

Streckeninformatioun

Deutsche Park Tour

Kategorie Gebuertsjoer Streck Course 1 Längt (km) Kontrollpunkten Streck Course 2 Längt (km) Kontrollpunkten
H19-34 1984 - 1999 11 2.9 21 21 3.4 28
D19-34 1984 - 1999 12 2.8 18 22 3.3 27
H35-44 1974 - 1983 12 2.8 18 22 3.3 27
D35-44 1974 - 1983 13 2.5 17 23 2.8 24
H45-54 1964 - 1973 13 2.5 17 23 2.8 24
D45-54 1964 - 1973 14 2.2 15 24 2.6 22
H55-64 1954 - 1963 14 2.2 15 24 2.6 22
D55-64 1954 - 1963 15 2.1 15 25 2.3 18
H65 + 1953 or earlier 15 2.1 15 25 2.3 18
D65 + 1953 or earlier 15 2.1 15 25 2.3 18
H15-18 2000 - 2003 12 2.8 18 22 3.3 27
D15-18 2000 - 2003 13 2.5 17 23 2.8 24
H13-14 2004 - 2005 16 1.8 14 26 2.1 17
D13-14 2004 - 2005 16 1.8 14 26 2.1 17

Other classes

Kategorie Gebuertsjoer Streck Course 1 Längt (km) Kontrollpunkten Streck Course 2 Längt (km) Kontrollpunkten
H11-12 2006 - 2007 17 1.2 11 27 1.4 15
D11-12 2006 - 2007 17 1.2 11 27 1.4 15
H-10 2008 or later 17 1.2 11 27 1.4 15
D-10 2008 or later 17 1.2 11 27 1.4 15
Open Long any age 18 2.5 17 28 2.7 21
Open Short any age 19 1.2 11 29 1.3 13

D’Streckenlängten sinn d’Laafdistanzen, baséiert ob der optimaler Laafstreck.

Ob kenger Streck gëtt et méi wie 25 Héichtenmeter

Passt während de Coursen ob är eegen Sécherheet an déi vun aneren Persounen op. Virun allem:

  • Et sinn e puer Stroossen am Gebitt vun de Coursen wou bëssen Traffic ass. Mat enger Ausnam sinn déi relativ roueg. Eng bëssen méi befueren Strooss geet vun Norden Richtung Süden duerch d’Gebitt vun der Course 2. All Participant passéieren des Strooss bei engem Zebrasträifen, op béiden Säiten stinn Posten vir den Iwwergaang op dëser Platz ze provozéieren.

  • Der musst den Lëtzebuerger “code de la route” respektéieren. Passt w.e.g. ëmmer op wann der iwwert eng Strooss laaft.

  • Passt am Park an Arboretum op Touristen an aner Leit op – respektéiert all Member vun der Ëffentlechkeet, sidd virsiichteg wann der em den Eck vun engem Gebai laaft.

  • Verschidden Strecken vun der Course 2 ginn duerch d’Wunngebitt – respektéiert w.e.g. d’Privatsphär an d’Sonndesrouh vun den Bewunner.

  • Dier huelt op eegene Risiko un den Coursen deel. De Luxembourg Orienteering Club asbl iwwerhëlt keng Haftung.

A verschiddene Beräicher vum Laafgebitt gëtt gebaut. Des sinn mat diagonalen mauven Stricher markéiert an dierfen net belaf ginn.

Fir d’Course 1, ginn d’Strecken um 12:00Auer zou an der musst spéitstens um 12:00Auer an d’Ziel kommen. Den Zäitsystem geet um 12:05 zou, fir sech op dei zweet Course ze preparéieren. Nëmmen wann dier ären Chip virun 12:05 am Event Center ausliest gëtt äert Resultat vun der Course 1 gewäert.

Fir d’Course 2, ginn d’Strecken um 14:15 zou an der musst spéitstens um 14:15 an d’Ziel kommen. Den Zäitsystem geet um 14:20 zou. Nëmmen wann dier ären Chip virun 14:20 am Event Center ausliest, gëtt äert Resultat vun der Course 2 gewäert.

D’Kontrolstatiounen ginn ab 14:15 agesammelt.

Ziel an dono

D’Ziel fir béid Coursen ass 50Meter vun der Haaptentrée vum Event Center ewech. Et ginn déi selwecht läscht Kontrollpunkten fir béid Coursen benotzt.

Sensoren moossen automatesch wéini dier iwwert d’Ziellinn laaft, dier musst näischt maachen.

Mer hoffen Drénkwaasser am Ziel bereetstellen ze können.

D’Kaarten ginn net angesammelt no der Course. Respektéiert w.e.g. den Fairplay an weist är Kaart kengen Leit déi d’Course nach laafen mussen.

Gidd w.e.g. direkt zeréck an den Event Center an loosst ären Chip ausliesen fir äert Resultat ze kréien. Der musst ären Chip och ausliesen loossen wann der ofgebrach hutt oder aus der Zäitwertung raus sidd. Wann der dëst mat, kann et sinn dat den Organisateur eng Sichaktioun fir Iech start.

No der Course 2, mussen all d’SIAC Chipen beim ausliesen ofgi ginn.

SCHÉINEN DAG!

Luxembourg Orienteering Club