Leefer Informatioun

Däitschland–lëtzebuerg Zwee Länner Weekend

De Luxembourg Orienteering Club, de Gymnasion Offenbach an den Trimmelter SV lueden Iech an ob een Orientéirungslaaf-Weekend an den benoperten Stiet an Länner. Ca. 30 Autominutten Fuerzäit läit tëschent deenen zwee Standuerter.

Programm

Däitschland–lëtzebuerg Zwee Länner Weekend
Trier Herbst-OL / Tréierer Hierscht-OL
Mëtteldistanz Orientéierungslaaf mat Sprint Prolog (Zäitadditioun)

  • 12.00 – Ouverture vum Event-Center um Campus Pallien, Tréier
  • 14.00 – Prolog: Sprint-Orientéirungslaaf um Pallien Campus
  • 15.00 – Mëtteldistanz-Orientéirungslaaf am Weisshauswald (Bësch)

Sonndeg, den 21. Oktober 2018, um Kirchberg (Lëtzebuerg Staat)
Lëtzebuerg Sprint / Luxembourg Sprint
Duebel Sprint (Zäitadditioun) / Ranking Event fir d’Deutsche Park Tour

  • 8.30 – Ouverture Event-Center an der Coque, Lëtzebuerg
  • 9.45 – 11.15 Sprint-Orientéirungslaaf 1 um Kirchberg
  • 12.00 – 13.30 Sprint-Orientéirungslaaf 2 um Kirchberg

Laafstrecken a -kategorien

Samsdes, den 20. Oktober 2018

Kategorien
  • D-10, D11-12, D13-14, D15-18, D19-34 (Elite), D35-44, D45-54, D55-64, D65+
  • H-10, H11-12, H13-14, H15-18, H19-34 (Elite), H35-44, H45-54, H55-64, H65+

D’Lengt vun den Strecken vun all den Kategorien vum Sprint Prolog sinn sou ausgeluecht datt d’Gewënnerzäit ënnert 15Minutten läit, an tëschent 25 an 40 Minutten vir déi nofolgend Mëtteldistanz - zum Beispill, d’H19-34 Streck wäert eng Streck vun ongeféier 2,0km fir den Sprint Prolog, an em 5,5km fir d’Mëtteldistanz.

Erwuessen Leit sollten d’Kanner op den D- 10, D11-12, H10, oder H11-12 Strecken begleeden, awer nëmmen um Uschloss un hir eegen Course. Vir des Klassen ginn et keng fest Startzäiten, fir daat virun Uert flexibel ze handhaben.
Méi Detailer iwwer d’Stréckenlängt, d’Postenunzuel, etc. ginn an den leschten Informatiounen bekannt ginn.

D’Startzäiten ginn bis spéitstens den 18. Oktober ob der Websäit verëffentlecht.

Aner Kategorien
  • Oppe Lang, Oppe Kuerz

D’Strecken sinn tëschent 0,7km an 2,0km laang (Oppe Kuerz) / 1,1km an 2,7km (Oppe Lang). Déi béid Strecken sinn technesch einfach, fir dat se och vun Ufänger gelaf kënne ginn.

Fir des zwou Klassen ginn et KENG fix Startzäiten, Participanten kréien hir Startzäit am Event-Center.

Sonndes, den 21. Oktober 2018

Deutsche Park Tour Kategorien
  • D13-14, D15-18, D19-34 (Elite), D35-44, D45-54, D55-64, D65+
  • H13-14, H15-18, H19-34 (Elite), H35-44, H45-54, H55-64, D65+

D’Siegerzäit fir déi verschidden Sprints ass jeeweils ob ca. 15-20 Minutten ugesat, dëst entsprécht z.B. an der Kategorie H19-34 enger Streck vun ongeféier 3,5km.

Méi Detailer iwwer d’Stréckenlängt, d’Postenunzuel, etc. ginn an den leschten Informatiounen bekannt ginn.

D’Startzäiten ginn bis spéitstens den 18. Oktober ob der Websäit verëffentlecht.

Nëmmen d’Leefer vun däitschen Veräiner kennen fir d’Deutsche Park Tour gewäert ginn. All déi aner Starter ginn awer an den Daagesresultater opgefouert.

Aner Kategorien
  • D-10, D11-12
  • H-10, H11-12

D‘Strecken sinn tëschent 1km an 1,3km laang an si fir Kanner am Schwieregkeetsgrad ugepasst. D’Begleedung duerch een Erwuessenen ass méiglech, awer just am Uschloss un deen eegene Laaf.

  • Oppe Lang, Oppe Kuerz

D’Strecken sinn tëschent 1,4km an 1,6km laang (Oppe Kuerz) respektiv 2,4km an 2,7km (Oppe Lang). Déi béid Strecken sinn technesch einfach, fir dat se och vun Ufänger gelaf kënne ginn.

Fir des zwou Klassen ginn et KENG fix Startzäiten, Participanten kréien hir Startzäit beim Start.

Vir all net-Deutsche Park Tour Kategorien ginn et KENG fix Startzäiten, Participanten kréien hir Startzäit am Event-Center.

Zaitnaam

De SPORTident System gëtt déi zwee Deeg benotzt mat (kombinéiertem) beréierungfräiem AIR+ Modus.

Fir Samsdes (Tréier), mussen d’Participanten hiren eegenen SI-Chip benotzen oder kréien een SI-Chip vum Organisateur den Dag selwer ausgeléint (2 EUR Ausléinkäschten / 30 EUR Pfand). Samsdes kënnen keng SIACs ausgeléint ginn.

Fir Sonndes (Lëtzebuerg), kritt all Participant fir déi zwee Sprints déi neisten SORTident Acitve Cards – SIAC gratis zur Verfügung gestallt. Fir méi Informatiounen: https://www.sportident.com/siac2016 . Et ass net erlaabt mat sengem eegenen SIAC ze laafen. .

All Participant muss Sonndes virun sengem Laaf perséinlech saïn SIAC an den Event-Center sichen goen. Et ass net méiglech, datt eng Persoun all SIACen fir een ganzen OL-Veräin sichen geet. D’SIACen mussen nom leschten an zweeten Laaf beim Ausliesen direkt ofgi ginn. Fir all SIAC deen net rëm ofginn gëtt, ginn 70 Euro a Rechnung gestallt.

Op dëser Platz ee grousse Merci un SPORTident Benelux fir déi gratis zur Verfügungstellung vun den SIACen an den Statiounen.

Gewënnspill: Fënnef SIAC Nummer ginn ausgeloust ënnert den Deutsche Park Tour Participanten, déi glécklech Gewënner kréien hir Startgebühr zeréckbezuelt.

Umeldung

D’Participanten déi an enger Kategorie vun der Deutsche Park Tour Sonndes deelhuelen wëllen gëtt recommandéiert sech fréi genuch unzemellen. D’Umeldung fir aner Kategorien ass nëmmen den Dag selwer méiglech.

D’Umeldunge si méiglech ab Samsdeg, dem 1.September an Umeldeschluss ass Sonndes, den 13. Oktober um 23:59 Auer. Dono sinn nëmmen nach Umeldungen den Dag selwer méiglech.

Fir d’Coursen vun der Deutsche Park Tour Sonndes ass d’Unzuel vun den Leefer op 320 imitéiert. Dowéinst gëtt eng fréi Umeldung recommandéiert.

D’Umeldung den Dag selwer ass och vir Deutsche Park Tour Sonndes méiglech, soulaang genuch Kaarten an SIACs do sinn. Den Organisateur vun der Course Sonndes mécht saï bescht, kann awer net garantéieren datt all Leit den Dag selwer ugeholl kënne ginn.

D’Umeldung fir déi zwee Deeg vum Weekend mussen eenzel gemat ginn.

Participanten déi Member an engem däitschen Veräin sinn, mussen sech iwwer O-Manager umellen:

All aner Participanten kennen sech iwwer OrienteeringOnline umellen. D’Leit déi deen System vir d’éischt benotzen mussen sech, virun der Umellung fir de Weekend, een Profil op der Websäit uleeën.

Startgeld

Samsdeg, den 20. Oktober

Klassen Startgeld Surplus fir d’Umellung den Dag selwer
Kanner (18 oder méi jonk) EUR 5 EUR 2.50
Elite an Senioren (19 an méi aal) EUR 10 EUR 5
Oppe Klassen EUR 5 EUR 2.50

Sonndeg, den 21. Oktober 2018

Klassen Startgeld Surplus fir d’Umellung den Dag selwer
Kanner (18 oder méi jonk) EUR 5
Elite an Senioren (19 an méi aal) EUR 10 EUR 5
Oppe Klassen EUR 5

Iwwerweisung vum Startgeld

Bei der Umeldung soll w.e.g. d’Startgeld fir deen ganzen Weekend zesummen op folgenden Kont bezuelt ginn:

Kontoinhaber GGymnasion Offenbach e. V.
bank Sparkasse Offenbach
BIC HELADEF1OFF
IBAN DE83 5055 0020 0010 0026 56
Vermierk Veräin oder Familljennumm + Zuel vu Leefer + LUX-Weekend

D’Iwwerweisung muss spéitstens den 15.Oktober agaang sinn.

D’Startgeld vun Memberen vun däitschen Veräiner kann wei üblech an Däitschland vun den Veräiner bezuelt ginn. All aner Participant ass responsabel vir sengt eegent d’Startgeld ze iwwerweisen. Ausser et ass aneschters am viraus mam Club oder Luxembourg OC ofgeschwat (Kontakt iwwer weekend2018@orienteering.lu).

Event-Center

Samsdeg, den 20. Oktober

Héichschoul Tréier / Campus Pallien, Schneidershof, 54293 Trier, Däitschland

Oppe ab 12.00 Auer.

Toiletten, Vestiairen an Duschen sinn verfügbar.

Parkméiglechkeeten beim Campus um Parking P1 an P2. W.e.g. läscht Informatiounen beuechten.

Sonndes, den 21. Oktober

Den Event-Center ass an der Coque, 2 rue Leon Hengen, 1745 Luxembourg, LUXEMBOURG

Oppen ab 08.30 Auer.

Toiletten an Vestiairen op der Platz, keng Duschen.

D’Schwëmm an den Wellness Center vun der Coque man um 10Auer op. Des weideren gëtt ët an der Coque een Café an een Restaurant. Vir weider Informatiounen: www.coque.lu/presentation

Lescht Informatiounen

Lescht Informatiounen ginn fir béid Deeg vum Weekend ginn spéitstens Sonndes, den 14. Oktober 2018 um Internetsite publizéiert.